Informations et Actualités sur la grippe Informations et Actualités sur la grippe
 
Rechercher | Recherche avancée
Accueil | Nouveautés | Glossaire | Liens | Newsletter | Contact Index | A propos du site
  ImprimerEnvoyer a

Accueil > L'actualité au jour le jour > Octobre 2009 > Les centres de vaccination ouverts à l'ensemble de la population > Point de presse du ministre de la Santé, Mars Di Bartolomeo, le 29 octobre 2009

Point de presse du ministre de la Santé, Mars Di Bartolomeo, le 29 octobre 2009

Mise en ligne29.10.2009 00:00
Vers le niveau supérieur
(...)

"Déi Vaccinatiounszentren, déi mir vun en Dënschden un hei zu Lëtzebuerg agesat hunn - dezentraliséiert -, fonctionnéieren exzellent. Déi Équipen, déi sech zesumme fonnt hunn an deenen Zentren hu sech a ganz kuerzer Zäit zu enger homogener Équipe zesumme fonnt an déi Echoen, déi mir vun de Leit um Terrain kritt hunn, an dat sinn der extrem vill vun alle méigleche Gruppen, an och vun deene Leit, déi sech traitéiere gelooss hunn, sinn d'Echoen exzellent. Ech wëll hei de Gemengen an all deenen Akteuren, vum Dokter iwwer d'Infirmièren, iwwer d'administrativt Personal, iwwer d'Bénévolen, iwwer alleguer déi déi mat ugepakt hunn, e ganz, ganz häerzleche Merci soen. Dat ass eng wichteg Experienz fir si gewiescht, an och nach, an et ass fir eis en extrem wichtegen Exercice an der Realitéit, wou mir kënne weisen, datt mir an enger Krisesituatioun fäeg sinn, net nëmmen ze plange bis op e gewëssene Punkt, mä och an der Exekutioun déi Pläng kënnen ze realiséieren. Dat ass wichteg. Et gëtt net vill Präzedenzfäll wou vun der Planifikatioun bis zur Realitéit eppes konnt duerchgezu ginn. Dat hei wäert eis notzen an deenen nächste Méint nach, mä och bei allen anere Krisesituatiounen.

Den Zoustroum zu den Impfzentren ass net esou, datt eis Impfzentre géifen iwwerrullt ginn. Dat soll een esou soen. Et war dauernd en Afflux, an deem éischten Dag liicht ënner 800 Leit déi sech wollten impfe loossen, deen Dag duerno liicht iwwer 800 Leit déi sech wollten impfe loossen. Déi ganz grouss Majoritéit, bal 100% vun deene Leit, déi dohi komm sinn, waren déi Risikopatienten, déi an der éischter Prioritéit definéiert waren an déi och deen Traitement kruten, dee se sech erwaart hunn an den Impfzentren. Ech wëll awer soen, datt domat d'Kapazitéit vun den Impfzentren net ausgelaascht ass.

Mir kommen net op d'Limite vun der Kapazitéit vun den Impfzentren, an dofir si mir zur Conclusioun komm, datt mir zwar d'Prioritéit vun de Risikopatiente confirméieren, mä datt mir d'Diren zu den Impfzentre méi grouss opmaachen. Dat heescht am Kloertext, d'Impfzentre sinn nach ëmmer prioritär do fir eis Risikopatienten, mä déi Leit déi sech elo scho wëllen impfe loossen an déi net ënner d'Definitioun vun de Risikopatiente fale si wëllkomm, mat enger klenger Nuance, datt se, wa gläichzäiteg Risikopatienten do sinn, datt se d'Prioritéit vun de Risikopatiente respektéieren. Dat heescht, datt et net esou soll sinn, datt, wann elo vill Leit géifen op ee Coup kommen, d'Risikopatienten net méi géife bäikommen.

Fir wat maache mir dat? Mir maachen et net elo, well mir d'Statistik wëllen opbesseren. Mir maachen et well et kloer d'Zilsetzung vun der Regierung war, datt, wa mir de Vaccin hunn, datt mir en och solle bei d'Leit bréngen. Well jiddwereen dee geimpft ass, kritt déi Gripp net. (...) Dat ass eigentlech déi Haaptinformatioun, déi mir Iech haut wollte ginn. Also, ab de Mëtte kënnen och Leit ausserhalb vun de Risikogruppen an d'Vaccinatiounszentre goen. Déi déi an de leschten Deeg vereenzelt ënner deenen dote Conditiounen an d'Impfzentre komm sinn, déi sinn net ëmgedréint ginn, mä ech wëll awer soen, datt déi Leit bis elo déi Prioritéit vun de Risikopatiente largement respektéiert hunn."

(...)



Haut de page

Copyright © www.grippe.public.lu  Aspects légaux | Contact